Kultur

Kultur

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
00:00
00:00

Rezumatul episodului

Wat geschitt mat de Projeten, déi eng Kënschtlerin ufänkt an net fäerdeg mécht? Dat weist Sophie Calle, déi franséisch konzeptuell Kënschtlerin, an enger grousser Ausstellung an England. Hei geet et ëm alles dat, wat feelt. D‘Claire Barthelemy war fir eis kucken.

Episoade

5910-

Sophie Calle - Onfaerdeg ...

Wat geschitt mat de Projeten, déi eng Kënschtlerin ufänkt an net fäerdeg mécht? Dat weist Sophie Calle, déi franséisch konzeptuell Kënschtlerin, an enger grousser Ausstellung an England. Hei geet et ëm alles dat, wat feelt. D‘Claire Barthelemy war fir eis kucken.

26 oct. 2026
5909-

Juli Zeh – Pony Show

An hirem neie Roman „Pony Show“ hëlt déi renomméiert däitsch Schrëftstellerin Juli Zeh d‘Lieser:inne mat op d‘Geriicht. Ner iwwerraschend, d'Juli zeh selwer ass Juristin. Hei geet et awer ëm méi wéi just eng Gerichtsaffär, D‘Valerija Berdi huet „Pony Show“ gelies. De Roman ass am Luchterhand Verlag erauskomm.

26 oct. 2026
5908-

Tierkesch Postkaarte vum Guy Helminger – Istanbul. Fräiheet (1)

De Schrëftsteller Guy Helminger ass fir dräi Méint op Istanbul geplënnert, wou hien Interviewe mëscht, fir aus dëse Stëmmen e Buch iwwer d’Stad um Bosporus entstoen ze loossen. Viru véier Joer war hie schonn eng Kéier e puer Méint do. Huet sech eppes verännert? Wéi steet et mat der Fräiheet? A kann een nuets iwwerhaapt nach a Rou säi Béier drénken?

26 oct. 2026
5907-

Ukranian Lessons

Wat geschitt mat der Konscht, wann de Krich ausbrécht? Schaffe Kënschtler a Kënschtlerinnen weider, an ënnert wéi engen Ëmstänn? Fir Äntwerten ze fannen, ass déi brittesch Journalistin Chalotte Higgins iwwer dréi Joer ëmmer rëm an d‘Ukraine gereest. D‘Claire Barthelemy huet hiert neit Buch gelies.

23 oct. 2026
5906-

Filmkriticken: "Coward" + "Karma"

De belsche Realisateur Lukas Dhont setzt a sengem Drama "Coward" d'Léift tëschent zwee Zaldote virum Hannergrond vum Éischte Weltkrich an Zeen. Eng Mamm, déi sech an hir Kanner virun enger Sekt wëll retten, ass de Sujet vum Guillaume Canet sengem Thriller "Karma". De Michel Delage huet déi zwee Filmer gesinn.

23 oct. 2026